2017-12-15
Little Italy - Déi Véier aus dem Quartier Italien
Liesung mam Ritchie Richard
Freiden, de 15. Dezember 2017, em 19h30
an der Gare-Usines
„Little Italy“ erzielt déi fiktiv Geschicht vum Robert „Bob“ Lenz a sengen dräi Frënn Aki, Joe a Lucky, déi zu Diddeleng am „Quartier Italien“ opwuessen. Hir Kandheet gëtt grad esou vum zweete Weltkrich markéiert wéi vu villen italieneschen Emigranten, zu deene si eng enk Relatioun opbauen. Wéi de Krich endlech eriwwer ass, bleiwen déi donkel Wolleken aller déngs net allze laang ewech.
Duerch en trageschen Tëschefall geroden déi véier Frënn op eng kriminell Bunn, vun däer se net méi erofkommen. Am Laf vun de 40er a 50er Joren entwéckelen déi jonk Borschte sech zu Gangsteren, déi am „Quartier Italien“ héije Respekt genéissen. Hire Liewensënnerhalt verdénge si sech an däer Zäit mat Prostitutioun an Drogenhandel, a wie sech hinnen an de Wee stellt, gëtt kuerzerhand liquidéiert. Mä wéi laang kann hir kriminell Karriär unhalen? Musse se net enges Daags d’Rechnung fir all hir Dote bezuelen?
Organiséiert an Zesummenarbecht mat der Bibliothèque Publique Régionale Diddeleng
INFOS & ORGANISATIOUN :
Bibliothèque publique régionale
24 rue du Commerce, L-3450 Dudelange
Tél. 516121-250 / bibliotheque@dudelange.lu / www.bibliodudelange.lu