2019-03-22
MiNettWork - efficace an der Regioun zesumme schaffen
Am Kader vum Projet Men and Biosphere an als Ausbléck op Esch 2022
Freides, den 22 Mäerz, vun 14 bis 18 Auer opderschmelz, Diddeleng
Virun iwwer 10 Joer ass e Projet de loi iwwert d’Schafung vun engem „Centre National de la Culture industrielle“ aus der Chamber zréckgezunn ginn an ass säit der Crise vun 2008 net méi opgetaucht. Beispiller am Ausland weisen, datt et immens wichteg ass, dass d’Acteuren um Terrain vun der Industriekultur, mee net nëmmen déi, an enger Regioun musse kënnen effikass zesummeschaffen a sech no bannen a baussen gemeinsam duerstellen.
Déi vill Kollaboratiounen, déi am Kontext Esch2022 an MUB am Gang sinn ze entstoen, kënnen eng Chance duerstellen, fir erëm eng Kéier un d’Vernetzung erunzegoen, fir datt et da spéitstens fir 2022 a virun allem dono klappt. Am Seminär sinn eng Rei erfueren an awer och nei Leit vum Terrain opgefuerdert, kuerz an däitlech ze soen, wat fir Erliichterungen se sech vun sou engem Netzwierk erwuarden, mee och, wéi eng Autonomie fir hir Uarbecht se wëlle behalen.
Eise Stol an Zesummenaarbecht mat der Fondation Bassin minier